Ween kennt et net, Owes well een Schlofen, an dann kennt een net un, Gedanken déi dréinen am Kapp ronderëm, To-do-leschten fléien duerch den Kapp, et kennt een einfach net un mat Schlofen.
An sou engem Fall, ass den Kraidersäckelchen genee dat richtegt. Sai gutt richenden Doft hëlleft engem an den Schlof ze kommen an erhuelsam zeschlofen.
Du Brauchs:
3 TL Kamillenbleien
3 TL Peffermënz
3 TL Rosamrin
3 TL Salbei
3 TL Baldrian
3 TL Thymian
1 klengt Stéck Bamwollstoff
1 klengt Stéck Schnouer
All Zutaten lees de an Mëtt vum Stéck Stoff, dan Ecken sou ëmschloen dat Kraider sou dran leien wei d Fëllung an engem Polster. Mat der Schnouer zesummebannen.
Dëst dan entweder niewent oder ënnert Këssen leen. An Bonne nuit!
Wisou et wierkt:
Kamillen verhalen sech wei een Berouegungsmëttel, an hëllefen bannescht Onroue an Schloflosegkeet ofzebauen.
Peffermënz wierkt antimikrobiell an Krampfleisend
Rosmarin ass rengegend
am Salbei sinn antibakteriell Uellecher an kann wei een Antitranspirant wierken
Thymian berouegt den Geescht an mécht de Schmäerz manner
Baldrian - déi wichtegst Zutat - besänftegt, entspaant an huet eng Schloffördernd Wierkung.
Comments